Fotoen

Grouss Botz

Verëffentlecht den 31.03.2025

 E Samschdeg, den 29. Mäerz, hunn sech vill fräiwëlleg Hëllefer virun der Sportshal „Am Sand“ zu Ueweraanwen afonnt, fir Sécherheetswesten, Händschen an Zaangen entgéintzehuelen an hir schéi Gemeng nach méi propper ze maachen. Mat dobäi waren och e puer Bewunner aus dem CIPA Nidderaanwen, déi och un dëser wäertvoller Aktioun deelhuele wollten.

D’NaturTeam aus der Gemeng hat verschidde Strecken ausgeschafft, déi vum Dreck befreit sollte ginn. No der Aarbecht goufe sämtlech fläisseg Benevolle mat enger Ierbessenzopp a Spaghetti belount. Generell war jidderee sech eens, dass d’Awunner vun eiser grénger Gemeng ganz respektvoll mat der Natur ëmginn, sou dass net ze vill Dreck zesummekoum.

Et soll nach erwäänt ginn, dass d’Schüler aus der Grondschoul „Am Sand“ schonn den Dag virdru ronderëm hir Schoul an d’Maison-Relais eng Botzaktioun gestart haten. Dat selwecht hu Jugendlecher beim Jugendhaus an d’Scouten beim Bëschhaus gemaach.